D‘Landakademie ass 2017 op 4 Manifestatiounen präsent

 

D’Anbieter vun der Landakademie sollen méi oft Geleeënheet kréien fir sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. Dofier wäert d‘Landakademie 2017 op 4 regionalen Manifestatiounen präsent sinn.

Op interaktiv a spilleresch Aart a Weis sollen déi verschiddenst Themen aus Kultur, Handwierk, Konscht, Sport, Wëssenschaft, Natur & Ëmwelt, Gesondheetswiesen asw. dem Publikum nobruecht ginn.

Wann och dir är Aktivitéit dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (Email: info@landakademie, Telefon: +352 89 95 68-23).

Formulairen fir Iech fir déi verschidden Manifestatiounen unzemellen a méi Informatiounen fannt dir op eiser Internetsäit www.landakademie.lu.

Landakademie-Team

 

Heringer Millefest 28.05                          

 

Helpermaart 04.06                            

 

Naturparkfest 06.08                      

 

Kropemannsfest 24.09

Heringer Millefest 28.05.
pdf
721.21 KB
Helpermaart 04.06.
pdf
786.55 KB
Naturparkfest 06.08.
pdf
289.78 KB
Kropemannsfest 24.09.
pdf
846.26 KB