Landakademie "Lernfest 2017"

Léif Landakademie-Anbieter,

D’Anbieter vun der Landakademie sollen méi oft Geleeënheet kréien sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. Dovier ass gemeinsam mat den LEADER-Büroen Eisléck, Atert-Wark, Mëllerdall an Lëtzebuerg West décidéiert ginn sech mat regionalen Verstallter vun Manifestatiounen zesummenzeschléissen an d'Lernfest enner engem neie Konzept stattfannen zeloosen.

D‘Prinzip vum Lernfest fir d’Leit fir “lifelong learning” ze sensibiliséieren an si fir Léieren an Weiderbildung ze begeeschteren soll awer bäibehalen ginn. Op interaktiv an spilleresch Aart a Weis sollen déi verschiddenst Themen aus Kultur, Handwierk, Konscht, Sport, Wëssenschaft, Natur & Ëmwelt, Gesondheetswiesen asw. dem Publikum nobruecht ginn.

Als Aussteller kennen déi ënnerschiddlechst Akteuren wei beispillsweis Bildung- a Fueschungsinstitutiounen, Handwierker, Betriber, Kënschtler, ONG'n, Veräiner asw., deelhuelen. Wichteg ass datt d'Wëssensvermëttelung op eng interaktiv Manéier geschitt an et sech em eng partizipativ Aktivitéit handelt d.h. den Visiteur soll aktiv an d’Geschéien mat abezunn ginn (reng Informatiounsstänn entspriechen net dësem Konzept).

Fir Iech als Aussteller kann dëst eng flott Geleeënheet sinn fir ob är(e) Organisatioun/Betrib an är Aktivitéiten opmierksam ze maachen an sou nei Memberen oder Clienten ze gewannen.

Fir 2017 sinn folgend Manifestatiounen ausgewielt ginn:

  • 28/05/17: Heringer Millefest am Mëllerdall 
  • 04/06/17: Helpermaart zu Bëschrëf 
  • 06/08/17: Grousst Naturparkfest zu Housen
  • 24/09/17: Kropemanns Fest zu Réiden/Atert

Landakademie wäert sech wei bei den Lernfester, em Organisatioun vun den Zelter këmmeren an em Koordinatioun mat den Verstallter.

Wann och dir är Aktivitéit dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (Email: info@landakademie, Telefon: +352 89 95 68-23). 

 

Landakademie-Team

 

                       

 

Voranmeldeformular Heringer Millefest
pdf
721.21 KB
Voranmeldeformular Helpermaart
pdf
786.55 KB
Voranmeldeformular Naturparkfest
pdf
289.78 KB
Voranmeldeformular Kropemannsfest
pdf
814.71 KB