Lernfest 2018

Ewéi 2017 soll „Lernfest“ an néie Joer 2018 erem ënnert dem neien dezentralen Konzept stattfannen.

D’Anbieter vun der Landakademie sollen esou méi oft Geleeënheet kréien sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. D‘Prinzip vum Lernfest, fir d’Leit fir den „llifelong learning" ze sensibiliséieren an si fir d‘Léieren an Weiderbildung ze begeeschteren soll weider bäibehalen ginn.
Als Aussteller kennen déi ënnerschiddlechst Akteuren wei beispillsweis Bildungs- a Fuerschungsinstitutiounen, Handwierker, Betriber, Kënschtler, ONG'n, Veräiner asw., deelhuelen. Wichteg ass datt d'Wëssensvermëttelung op eng interaktiv Manéier geschitt an et sech em eng partizipativ Aktivitéit handelt d.h. den Visiteur soll aktiv an d’Geschéien mat abezunn ginn (reng Informatiounsstänn entspriechen net dësem Konzept).

Fir 2018 sinn folgend Manifestatiounen ausgewielt ginn:

13.05: Heringer Millefest am Mëllerdall
05.08: Naturparkfest zu Housen
16.09: Enelter Maart zu Recken
30.09: Kropemanns Fest zu Réiden/Atert

Wann och dir är Aktivitéiten dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (Email: info@landakademie.lu, Telefon: +352 89 95 68-23).

Äert Landakademie-Team