D‘Landakademie ass 2017 op 4 Manifestatiounen präsent
D’Anbieter vun der Landakademie sollen méi oft Geleeënheet kréien fir sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. Dofier wäert d‘Landakademie 2017 op 4 regionalen Manifestatiounen präsent sinn.
Op interaktiv a spilleresch Aart a Weis sollen déi verschiddenst Themen aus Kultur, Handwierk, Konscht, Sport, Wëssenschaft, Natur & Ëmwelt, Gesondheetswiesen asw. dem Publikum nobruecht ginn.
Wann och dir är Aktivitéit dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (Email: info@landakademie, Telefon: +352 89 95 68-23).
Formulairen fir Iech fir déi verschidden Manifestatiounen unzemellen a méi Informatiounen fannt dir op eiser Internetsäit www.landakademie.lu
Landakademie-Team

Heringer Millefest 28.05

Helpermaart 04.06
Naturparkfest 06.08
Kropemannsfest 24.09
Heringer Millefest 28.05

Helpermaart 04.06
Naturparkfest 06.08

Kropemannsfest 24.09
