Heringer Millefest am Mëllerdall 13.05.2018

D’Anbieter vun der Landakademie sollen méi oft Geleeënheet kréien fir sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. Dofier wäert d‘Landakademie 2018 op 4 regionalen Manifestatiounen präsent sinn.

Op interaktiv a spilleresch Aart a Weis sollen déi verschiddenst Themenaus Kultur, Handwierk, Konscht, Sport, Wëssenschaft, Natur & Ëmwelt, Gesondheetswiesen asw. dem Publikum nobruecht ginn.

Wann och dir är Aktivitéit dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (info@landakademie, 89 95 68-23).
 

Heringer Millefest am Mëllerdall 13.05.2018
Op eisem mëttlerweil schonn traditionelle Millefest ass Spill a Spaass fir déi ganz Famill gebueden. Fir d’Kanner hun mir eng riseg Auswiel un Attraktiounen, Spiller an Animatiounen um wonnerschéine Site ronderëm d’Heringer Millen. De ganzen Dag iwwer gëtt et ausserdeem Mëllerdaller Grillspezialitéiten, frësch Leckereien aus eiser Bakstuff, a Verkaf vu regionale Produiten.

Voranmeldeformular Heringer Millefest 2018
pdf
741.14 KB