Virtrag vum Olivier Kayser: Mam Lakert ob der Rees

  • Datum

    10/04/2020
  • Adresse

    ManuKultura
    1, Am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    19h30-21h00
  • Termine

    10.04
  • Preis

    8€
  • Inhaltsbeschreibung

    Eng Rees zu de Fuehrende Leit dé mat hirem Weenchen iwwert Dierfer gezunn sinn. Ween waren d'Lakerten? Wat ass iwwerhaapt Jéinesch? Ginn et se iwwerhaapt nach haut? All déi Froen ginn an engem Interaktiven a flotte Virtrag beäntwert, an den Zuschauer entdeckt eng Welt déi Onbekannt, Geheimnisvoll an immens Lieweg nach ass... Net nëmmen hei zu Lëtzebuerg fënnt een Jéinescher, mee a ganz Europa sinn se Doheem. Hier Kultur a Liewensweis ass geprägt vun der Natur, der Rees, de Pärd, dem Handel, dem Handwierk an hirer Musék. Awer den wichtegsten Deel hirer Kultur ass déi Jéinesch Sprooch. Eng Sprooch déi vill ze dacks mat Klischeeë behangen ass. Kommt mat ob d'Rees zu engem Stéck nach liewegen Patrimoine den esou net bekannt ass.

    Den Oliver Kayser, Schausteller (Artiste Forain) an Musikant, staamt aus enger traditioneller Jéinescher Famill a setzt sech dohier och an fir d'Kultur vun de Fuehrenden aus Europa. Seng Famill kann ob 10 Generatiounen Traditioun zeréck kucken, eng Traditioun déiw verwuerzelt mat Europa, traditionellem Handwierk an enk verbonnen mat de Pärd.

  • Vorkenntnisse

    keng
  • Technische Voraussetzungen

    keng
  • Dozent

    Olivier Kayser
  • Zielpublikum

    • Frauen
    • Jugendliche
    • Männer
    • Senioren
  • Themenbereich

    • Allgemeinbildung
  • Kontaktperson

    manukultura@useldeng.lu