reACTion- En Theaterworkshop mam Laetitia Lang
-
Datum
03/10/2023 - 28/11/2023
-
Adresse
ManuKultura
1, am Millenhaff
L-8706 Useldange
-
Uhrzeit
19h00-21h00
-
Termine
3. Oktober 2023
7. November 2023
28. November 2023
-
Preis
30€ / Cours
25€ / Cours fir Studenten
-
Inhaltsbeschreibung
All Moment ass flüchteg, awer all Moment ass et wäert op d'Bün bruecht ze ginn. Egal op dat d'liesen vun der Zeitung beim Moiesiessen oder d'Bestéichen vum Mount Everest ass. Hai gëtt dat scheinbar Onspannend spannend an dat Onméiglecht méiglech gemaach. Mir wiermen gemeinsam eisen Kierper an eis Stëmm op, entwéckelen Zeenen, taaschten eis un Rollen, schätzen den Moment an improviséieren drop lass.
Kapp aus, Spontanitéit un!
Am Hei an Elo dengen Iddien fräien Laf loossen.
Klengen Abléck gefälleg? Mell dech un!
Am Fokus steet dat gemeinsaamt ausprobéieren a spillen an engem sécheren, wäertgeschate Raum.
Keng Virkenntnesser néideg & Workshops kennen och onofhängeg vuneneen gebucht ginn.
D’Laetitia Lang ass Theaterpädagogin, Virlieserin a Bildungswissenschaftlerin. Nieft dem Theater spillt och Musek a Sprooch eng grouss Roll an hirem Liewen an dëst fléisst an hier kënschtleresch a pedagogesch Aarbecht mat an.
D'Laetitia ass am Virstand vun der "Literaturstunde" an der "die Performerei-Verein für performatives Schaffen" an ass fräiberufflech zu Wien an zu Lëtzebuerg ënnerwee.
-
Vorkenntnisse
Keng Virkenntnesser néideg
-
Dozent
Lang Laetitia
-
Zielpublikum
-
Themenbereich