Op de Spueren vun der Shoah am Norde vu Lëtzebuerg – Jüddescht Liewe virum 2. Weltkrich zu Ettelbréck an “d‘Jüddescht Altersheim Fünfbrunnen“

  • Datum

    13/08/2025
  • Adresse

    Cinqfontaines
    2, Klousterstrooss
    L-9902 Wincrange
  • Uhrzeit

    10:00 – 16:00 Auer
  • Dauer

    6h
  • Termine

    13. August 2025
  • Preis

    D’Käschte belafe sech op 15 Euro pro Persoun fir d’Visitten an d’Navette tëscht Ettelbréck a Cinqfontaines.
  • Inhaltsbeschreibung

    Am Laf vum 19. Joerhonnert huet sech zu Ettelbréck eng gréisser jüddesch Gemeinschaft gebilt, wat 1870 zur Aweiung vun der Synagog gefouert huet. Ënnert der NS-Besatzung gouf déi jüddesch Gemeinschaft vun Ettelbréck bal komplett ausgeläscht an d’Bannenariichtung vun der Synagog zerstéiert. D’Gebai selwer ass erhale bliwwen a gouf nom Krich fir verschidden Zwecker genotzt. Säit 2019 këmmert sech d’asbl Al Synagog Ettelbréck ëm d’Renovéierung vum Gebai an der Erhale vun der Erënnerung un déi jüddesch Communautéit vun Ettelbréck.
    Entdeckt bei dëser Visite guidée d’Geschicht vun der aler Synagog a léiert verschidde Plazen vu jüddeschem Liewen zu Ettelbréck kënnen.
    Mëttes geet et da weider op Cinqfontaines. An dësem eemolege Klouschter vun der Herz-Jesu Gemeinschaft hunn d’Nationalsozialisten tëschent 1941 an 1943 dat sougenannten “jüdisches Altersheim Fünfbrunnen” ageriicht. Eng 300 Judden a Jüddinnen, déi deen Ament zu Lëtzebuerg gelieft hunn, goufe wärend där Zäit do internéiert, éier déi meescht vun hinnen a Konzentratiounslager deportéiert goufen.

    Oflaf vum Dag:
    10h00 : Rendez-vous zu Ettelbréck (20, rue de Warken, Ettelbrück)
    10h00 – 12h00 : Visite guidée vun der aler Synagog an Stadrondgang
    12h00 – 13h00 : Navette vun Ettelbréck op Cinqfontaines
    13h00 : Mëttegpaus zu Cinqfontaines
    13h30 : Visite guidée zu Cinqfontaines
    15h30 : Navette vu Cinqfontaines op Ettelbréck

    D‘Umellunge sinn obligatoresch a bis den 30. Juli méiglech ënnert secretariat@snj.lu

    Fir weider Informatiounen kënnt Dir Iech bei der 247 95149 mellen.

  • Zielpublikum

    • Arbeitssuchende
    • Auszubildende
    • Behinderte
    • Berufstätige
    • Eltern
    • Frauen
    • Jugendliche
    • Kinder
    • Lehrende
    • Männer
    • Migranten
    • Senioren
    • Studierende
    • Unternehmer
  • Themenbereich

    • Allgemeinbildung

Freie Plätze: 10