Landakademie - Manifestatiounen 2019

Landakademie wäert 2019 erëm un verschiddenen Manifestatiounen deelhuelen. D’Anbieter vun der Landakademie sollen esou méi oft Geleeënheet kréien sech an hier Aktivitéiten dem Grand Public virzestellen. D‘Prinzip vum fréieren Lernfest, fir d’Leit fir den "lifelong learning" ze sensibiliséieren an sie fir Léieren an Weiderbildung ze begeeschteren soll weider bäibehalen ginn.

Als Aussteller kennen déi ënnerschiddlechst Akteuren wei beispillsweis Bildungs- a Fuerschungsinstitutiounen, Handwierker, Betriber, Kënschtler, ONG'n, Veräiner asw., deelhuelen. Wichteg ass datt d'Wëssensvermëttelung op eng interaktiv Manéier geschitt an et sech em eng partizipativ Aktivitéit handelt d.h. den Visiteur soll aktiv an d’Geschéien mat abezunn ginn (reng Informatiounsstänn entspriechen net dësem Konzept).

Fir 2019 sinn folgend Manifestatiounen ausgewielt ginn:
02.06 Heringer Millefest am Mëllerdall (Réckbléck 2018)
09.06 Helpermaart zu Bëschdref (Réckbléck 2017)
04.08 Naturpark Fest am Parc Housen (Réckbléck 2018)
29.09 Kropemanns Fest zu Réiden (Réckbléck 2018)

Wann och dir är Aktivitéiten dem Grand Public wëllt virstellen an d‘Léit fir d‘Léieren an d‘Weiderbildung wëllt begeeschteren, da maacht mat a setzt Iech mat eis a Verbindung (Email: info@landakademie.lu, Telefon: +352 89 95 68-23).

Äert Landakademie-Team