Kanneryoga mam Sarah Cattani
-
Date
04/05/2024 - 06/07/2024
-
Adresse
ManuKultura
1, am Millenhaff
L-8706 Useldange
-
Horaire
15:00-16:00
-
Dates
4.05
1.06
6.07
-
Prix
20€ / Cours
-
Contenu & objectifs
Wien well sech emol als Kobra verwandelen, stoe wéi e Bam, d’Flilleke beweege wéi e Päiperlek, oder e Bockel maachen wéi eng Kaz... an dësem Kanneryoga Workshop leiers du op spilleresch Manéier déi verschidden Asanas (Kierperstellungen) vum Yoga kënnen a mir sangen a meditéieren och zesummen. Yoga ass e wonnerbaren Ausgläich zum leeschtungsorientéierten Alldag an der Schoul an erméiglecht et Kierper, Geescht a Séil an Harmonie ze bréngen. Doduerch kënnen d’Kanner sech net nëmmen besser konzentréieren, mee och Freed un der Beweegung entwéckelen an ee bewosst Kierpergefill opbauen.
Matbréngen : eng Yogamatte a gemiddlech Kleeder undoen.
Sprooch vum Cours : Lëtzebuergesch
Virkenntnesser- keng
D'Sarah Cattani (SarahJohnYoga) ass certifiéiert Yogaprof a bitt nieft hiren Hatha Yoga Coursen och Prenatale Yoga, Partner Yoga, Kanneryoga, Meditatioun an Otemtechniken un, an huet och schonn Yoga Retreats zu Lëtzebuerg an an Indie geleet.
-
Connaissance préalable
keng
-
Connaissance préalable technique
Fir Kanner tëscht 6-12 Joër
-
Formateur
Sarah Cattani
-
Public cible
-
Sujet
- Culture – loisirs
- Homme – santé
- Sport & mouvement