Pen to brain - Entspanung duerch meditatiivt Zeechnen

  • Datum

    19/04/2024 - 17/05/2024
  • Adresse

    ManuKultura
    1, am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    18h15-20h15
  • Termine

    19.04: Pen to brain - meditatiivt Zeechnen: "Neurolotus"
    10.05: Pen to brain - meditatiivt Zeechnen: "Neuroreen"
    17.05: Pen to brain - meditatiivt Zeechnen: "Neurobam"
  • Preis

    50€ / Workshop (eenzel buchbar)
  • Inhaltsbeschreibung

    An engem klenge Grupp vu maximal 8 Participante leeden ech iech duerch eng sougenannten neurographesch Zeechnung, woubäi dir iwwer eng aussergewéinlech Manéier e kuerze Moment de Kapp ausschalten an zur Rou komme kënnt.

    De Workshop ass fir jiddereen, et brauch ee keng Virkenntnisser oder - wéi der sou oft mengen - eng "kreativ Oder". Jidderee schaaft op seng Manéier eppes Eegenes, andeems ee Linne fléisse léist, Faarf an d'Spill bréngt an de Moment fir sech genéisst.
    Kuerz Entspanungsübunge rënnen dat Ganzt of.

    Biografie:
    diploméiert Sozialpedagogin, zanter 2021 zert. NeuroGraphik® Spezialistin, zanter 2023 zert. Malspieldienende (Arno Stern)
    Am September 2023 hunn ech (no 10 Joer Beruffserfarung) zu Ettelbréck de "Kreativatelier" opgemaach an domadder meng éischt Schrëtt an déi komplett Selbstännegkeet gewot.
    Weider Infos : www.kreativatelier.lu
  • Vorkenntnisse

    De Workshop ass fir jiddereen, et brauch ee keng Virkenntnisser oder - wéi der sou oft mengen - eng "kreativ Oder". Jidderee schaaft op seng Manéier eppes Eegenes, andeems ee Linne fléisse léist, Faarf an d'Spill bréngt an de Moment fir sech genéisst.
  • Dozent

    Myriam Otto
  • Zielpublikum

    • Frauen
    • Jugendliche
    • Männer
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit
    • Mensch und Gesundheit
  • Kontaktperson

    info@kreativatelier.lu