de grénge Schapp

30, rue Krunn L-6453 Echternach
Tel: +352 621 52 62 41

E-Mail: degrengeschapp@gmail.com
  • Kurse

    Zur Zeit werden keine Kurse angeboten
  • Beschreibung

    « de grénge Schapp » um Séi zu Iechternach eng « alternative Plaatz », maat engem écologeschen, sozialen, kulturellen, edukativen an sportlechen Sënn !
    Eng Plaatz, wou verschidden thematesch Atelieren, Workshopen, Spiller an anner Animatiounen ugebueden ginn, déi een soziale, kulturellen Austausch fir Jonk an Aal bidd, an eng Educative « gréng » an ëmweltfrëndlech Base huet.
    Et ass eng Plaatz wou een als eenzelnen, als Tourist, mat der ganzer Famill oder mat Frënn eng flott Zäit verbrengt. Eng frëndlech Plaatz wou een gezielt hikënnt oder spontan stoebleiwt wann een um Séi ass fir en bëssen ze raschten, eppes ze drénken, oder och eng Klengegkeet ze iessen, een Spill ze spillen oder bei engem educativen Atelier maat ze machen an ëppes ze léieren.
    Themen vun den Atelieren gin em, Natur, Gaart, Blummen, Planzen, Bastelen, Gesond erfrëschend Kichen, Animatioun Spiller, Art de Rue, Spectacle an Sport.
    Wëll all déi Saachen och hongereg an duschtereg maachen, encadréiert d’Schapp-Kichen och dest Bedürfnis.