Taijiquan Cours zu Sëll

  • Datum

    Permanent buchbar
  • Adresse

    Festsall Saeul
    7, rte d'Arlon
    L-7471 Saeul
  • Uhrzeit

    20.00 Uhr
  • Dauer

    1 Stunde
  • Termine

    Jeden Montag, ausser Feiertags
  • Preis

    10€ pro Einheit, 100€ für 10 Einheiten.
  • Inhaltsbeschreibung

    Taijiquan (oft just Taiji oder Tai-Chi genannt) ass eng chineesesch Kampf- a Beweegungskonscht déi sech duerch lues a fléissend Beweegungen auszeechent. De Kierper gëtt duerch dës Praxis flexibel a staark, de Geescht konzentréiert an entspaant. Ob jonk oder al, jidderee kann Taijiquan léieren. Et brauch een och keng speziell Ausrëschtung a wéineg Plaz, sou dass een zu all Zäit an iwwerall übe kënnt.

    De Cours ass all Méinden vun 20.00 – 21.00 Auer am Festsall zu Sëll. Dir kënnt zu all Moment ufänken. Méi Infos zum Taijiquan an zum Cours fannt dir op www.taijiquan.lu.

    Loscht matzemaachen? Sou geet et:
    Schreiwt Iech an op www.taijiquan.lu, schéckt eng Email u patrick@taijiquan.lu oder rufft un op den 621 40 96 83. De Präis fir 10 Coursen (10 Stonnen) ass 100 €, ze iwwerweisen op de Kont IBAN LU27 0019 7303 8356 3000 (BCEELULL, Patrick Hallé, mat ärem Numm, Virnumm an dem Vermierk “Taiji”). Ech freeë mech ob är Participatioun!

    Mäin Numm ass Patrick Hallé an ech praktizéiere säit 2011 Taijiquan, a méi spezifesch déi “kleng Form” vum Chen Stil, genannt Xiaojia. 2019 hunn ech meng Ausbildung zum Kursleiter beim Dietmar Stubenbaum (www.die-pagode.de) erfollegräich ofgeschloss. Lo wëll ech mäi Wëssen a meng Leidenschaft fir den Taiji deelen an sou och anere Leit d’Méiglechkeet ginn, dës faszinéierend Beweegungskonscht kennen a schätzen ze léieren.
  • Vorkenntnisse

    Keine Vorkenntnisse nötig.
  • Technische Voraussetzungen

    Bequeme Kleidung, flache Schuhe.
  • Dozent

    Patrick Hallé
  • Interne Kursnummer / Code

    TJQ01
  • Zielpublikum

    • Frauen
    • Männer
  • Themenbereich

    • Mensch und Gesundheit
    • Sport & Bewegung
  • Kontaktperson

    Patrick Hallé