D’Beweegungshelde vum Bësch

  • Datum

    24/02/2026
  • Adresse

    ManuKultura
    1 am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    14h00-16h00
  • Termine

    24.02
  • Preis

    20€
  • Inhaltsbeschreibung

    Ech sinn d’Kina, éducatrice graduée, Wildnispädagogin an aktuell an enger Formatioun als Ernärungs- a Beweegungspädagogin. Mäin Häerz schléit fir d’Natur, fir alles, wat dobausse geschitt, a fir Aktivitéiten, wou ee mat Hänn, Häerz an Naturmaterialie schafft.
    Kanns du sprange wéi en Hues, schläiche wéi e Réih oder lafen esou séier wéi de Wand?
    Bei dëser Beweegungsolympiad wäerte mir sprange, krauche, rulle, werfe, balancéieren an zesumme laachen, ganz ouni Wettkampf, mee mat vill Freed a Beweegung!
    D’Natur gëtt eis Spillplaz, wou jidderee seng Kraaft, Geschécklechkeet a Fantasie entdecke kann, esou wéi kleng Déieren, Entdecker a Superhelden!
  • Technische Voraussetzungen

    Fir Kanner vu 4-8 Joer
  • Dozent

    Kina Thill
  • Zielpublikum

    • Eltern
    • Kinder
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit
  • Kontaktperson

    www.samo.lu/kalenner, info@samo.lu, 621 63 79 87