Wann d’Flame Geschichte verzielen - deng eegen Uellechluucht

  • Datum

    10/03/2026
  • Adresse

    ManuKultura
    1 am Millenhaff
    L-8706 Useldange
  • Uhrzeit

    17h30-19h30
  • Termine

    10.03
  • Preis

    25€
  • Inhaltsbeschreibung

    Ech sinn d’Kina, éducatrice graduée, Wildnispädagogin an aktuell an enger Formatioun als Ernärungs- a Beweegungspädagogin. Mäin Häerz schléit fir d’Natur, fir alles, wat dobausse geschitt, a fir Aktivitéiten, wou ee mat Hänn, Häerz an Naturmaterialie schafft.

    Am Liicht vum Feier, an enger roueger Atmosphär, brénge mir eis mat enger selwergemaachten Uellechluucht e bësse Wäermt an de Schluss vum Wanter.

    Et entsteet e klengt Liicht, dat Hëtzt, Rou a Fridden ausstraalt. Wärend d’Flamen danzen, bleiwe mir am Moment a spiere wéi gutt et deet, einfach do ze sinn.

    E Workshop fir d’Séil ze berouegen, d’Hänn ze beschäftegen an d’Häerz ze wärmen.
  • Dozent

    Kina Thill
  • Zielpublikum

    • Frauen
    • Männer
  • Themenbereich

    • Kultur und Freizeit
    • Natur und Umwelt
  • Kontaktperson

    www.samo.lu/kalenner, info@samo.lu, 621 63 79 87