MENOPAUSE ? JO AN ELO?
-
Datum
23/04/2026
-
Adresse
ManuKultura
1 am Millenhaff
L-8706 Useldange
-
Uhrzeit
19h00-21h00
-
Termine
23.04
-
Preis
Gratis
-
Inhaltsbeschreibung
D’Isabelle FABER, fréier Journalistin, jorelang als Benevole aktive am „Groupe de support psychologique“ vum CGDIS a selwer an der Mëtt vum Liewen, invitéiert op e flotten Austausch a lëtzebuerger Sprooch ënner Fraen iwwer Thema Menopause. D‘Wiesseljoren, déi zweet Pubertéit wéi se och nach genannt gëtt, huet ganz vill verschidde Gesiichter a Symptomer matt deenen et opemol heescht sech auserneen ze sëtzen. Wéi geet et dir dobäi? Fills du dech munchmol eleng gelooss an denger neier Liewensmëtt a senge ville Gesiichter oder bass du villäicht esou guer an enger perséinlecher Kris? Du wäers frou matt anere Frae kënnen ze schwätzen an dech auszetauschen? Da bass du hei genee richteg! Trau dech a komm laanscht op eng flott Gespréichsronn ënner Fraen a just fir Fraen, dat an engem diskreten a geschützte Kader.
-
Vorkenntnisse
Exklusiv fir Fraen
-
Dozent
Isabelle Faber
-
Zielpublikum
-
Themenbereich