D'Molspill - fir Kleng a Grouss vun 3 - 99 Joer

Date
Permanent
Lieu
Ettelbruck
Prestataire
Kreativatelier

Dates

donneschdes (15:00 - 16:30 Auer)
samschdes (10:00 - 11:30 Auer)

Horaires

15:00 - 16:30 Auer (donneschdes)
10:00 - 11:30 Auer (samschdes)

Prix

Kanner (6 - 10 Joer)
- 225.- Euro / Trimester

Kanner (ab 11) an Erwuessener
- 275.- Euro / Trimester

1 Kand (3-4 Joer) + 1 Erwuessenen : 15% op de Gesamtpräis
2 Geschwësterkanner : 8% op de Gesamtpräis

Description

D'MOLSPILL – e Spill mat Pinsel a Faarf – fërdert Fäegkeeten, déi zur Entfalung a Stärkung vun der Perséinlechkeet féieren. Duerch de Prozess vum fräien authentesche Molen ouni Drock, Bewertung, Erwaarundungen, Fuerderungen oder Virgaben léiert ee senger Intuitioun ze vertrauen an sech ze akzeptéieren.

De "MALORT" LËTZEBUERG ass e sécheren a geschützte Raum, an deem een d'MOLSPILL mat all senge Facetten erliewe kann. Mir treffen eis eemol d’Woch – gemoolt gëtt am Stoen, op den un de Wänn befestegte Blieder. An der Mëtt vum Raum befënnt sech e Palettendësch mat 18 héichwäertege Gouachefaarwen an duerch déi stänneg Pendelbeweegung tëscht der Mauer an de Faarwe gëtt de ganze Kierper an de Molprozess mat abezunn.

E puer wéineg kloer Spillreegelen erméiglechen dat gemeinsaamt Erliewe vum MOLSPILL an enger entspaanter erwaardungs- a bewertungsfräier Atmosphär; jidderee geet sengen eegenen Impulser no – eng raimlech an zäitlech onbegrenzte Spuer entsteet aus dem SPONTAANE SPILL. D'Zil ass net (Konscht-)Wierker ze schafen, mee beim MOLSPILL geet et eleng ëm d'SPILLEN an ENTSOE LOOSSEN.
_______________________________________________________________________________________________

ASCHREIWUNGEN: D'Aschreiwung ass zu all Moment méiglech.
Gitt bei der Umellung wgl un, wéieen Dag, datt dir komme wëllt. MERCI

Och Kanner am Alter vun 3-4 Joer kënnen a Begleedung vun engem Erwuessenen d'Molspill erliewen.

Präisdétailer:

Kanner (6 - 10 Joer)
- 225.- Euro / Trimester

Kanner (ab 11) an Erwuessener
- 275.- Euro / Trimester

1 Kand (3-4 Joer) + 1 Erwuessenen : 15% op de Gesamtpräis
2 Geschwësterkanner : 8% op de Gesamtpräis

Groupe d'âge

  • Enfants
  • Adolescents
  • Adultes

Moments de la journée

  • Après-midi
  • Matin

Niveau

  • Avancé
  • Débutant
  • Expert

Formateur

Myriam Otto

Thèmes

  • Enfants & Parents
  • Enfants
  • Créativité
  • Parents
Intéressé ? Inscrivez-vous dès maintenant
Demander une inscription